CHRËSCHTVAKANZ:
Mir sinn am Congé
vum 23 Dezember 2025
bis de 05 Januar 2026.
Ons Ëffnungszäiten:
vun 11.00 bis 23.00 Auer.
Entréeen, Fësch & Suggestioune an och ‘Petite Restauration’ zervéiere mir ouni Ënnerbriechung, vun 12.00 bis 21.30 Auer.
Méindes an Donneschdes
ass de Restaurant de ganzen Dag zou.
E STÉCK NATIONALE FOLKLOR ZU LËTZEBUERG
De Café-Restaurant ‘Juegdschlass’ am Bambësch ass zënter Generatiounen e Begrëff zu Lëtzebuerg. An der kaler Joreszäit kënnt dir Iech no engem schéine Spadséiergang am Bësch beim Holzuewen opwiermen an eng vun de ville Spezialitéite op eiser Wanterkaart genéissen.
D’Juegdschlass, mat senger onverwiesselbarer Atmosphär ass déi perfekt Plaz fir Frënn ze treffen oder mat der Famill ze feieren. Ouni Zweiwel ass d’Juegdschlass ‘E Stéck nationale Folklor’.
MAM AUTO
Onse Parking bidd Plaatz fir ongeféier 25 Autoen. Ass et emol ze voll, kënnt dir och ganz no laangscht de Bësch parken.
OUNI TRAAPEN
Um Juegdschlass gett et keng Traapen. Am Rollstull, mam Rolator oder mat der Kannerkutsch kommt dir iwweral hinn.
FIR KANNER
Fir d’Kanner ass eng Visite um Juegdschlass ëmmer en Erliefness. Op onser Kaart proposéiere mir och speziell Kannermenuen.
MAM MUPP
Och är Véierbeener si bei ons um Juegdschlass banne wéi baussen Wëllkomm – natierlech un der Léngt.



